Mir schaffe fläisseg am Sënn vun all Independanten a Startuppen.

Fannt eraus, firwat mir gegrënnt goufen

D’Zil vun der Associatioun AlliancUp ass et, fir déi berufflech, moralesch wirtschaftlech, sozial a rechtlech Interesse vun hire Memberen, ze vertrieden, ze verdeedegen an ze protegéieren, déi engersäits onofhängeg wëlle schaffen oder a Form vun enger Startup.

D’Associatioun ënnersicht haaptsächlech all ekonomesch a sozial Froen, déi fir d’Independanten a Startuppe vu Bedeitung sinn, déi schonn hei zu Lëtzebuerg gegrënnt sinn, viru kuerzem gegrënnt goufen oder eréischt gegrënnt ginn, an interesséiert sech och fir ekonomesch a privat Initiativ.

AlliancUp
gegrënnt den

Hei ass är Chance, fir Iech mat der ekonomescher Welt vu Lëtzebuerg ze verbannen gegrënnt an är Rechter geltend ze maachen


Lescht Informatiounen:

ALLIANCUP
Offiziell Ukënnegung


Trotz dëser Krisenzäit duerch de Covid-19, freeë mir eis d’Grënnung vun enger ganz neier Unioun fir d’Independanten an Startuppe bekannt ze ginn, ënnerstëtzt vun de Memberen aus dem Facebook Grupp 'Rescue Independents and Startups'

Liest méi

D'PRESS Paperjam -
E Kiné, deen ouni iergend eng Hëllef do steet


Liest den Interview vum Xavier Celli, deen explizéiert, datt verschidden Independanten aus dem Gesondheetsberäich sech selwer an enger prekärer Situatioun befannen, duerch d’Kris, déi duerch d’Pandemie vum Coronavirus entstanen ass.

Liest méi

D'PRESS Lëtzebuerger Journal -
D’Independanten an Startuppen an enger Noutsituatioun


Liest den Interview vum Giovanni Patri, dem President, hei am Lëtzebuerger Journal, wou hien explizéiert, datt Lëtzebuerg deemnächst méi Leit ouni Aarbecht wäert hunn, datt manner Loyere wäerte bezuelt ginn an datt et dofir elo un der Zäit ass, an dëser sanitärer Kris eppes ze ënnerhuelen éiert et duerno zu enger sozialer Kris kënnt

Liest méi

D’Annoncen vun der Regierung -
Konventioun tëscht dem Syndicat an dem Aarbechtsminister


D’Lëtzebuerger Regierung ënnerschreift en Accord tëschent dem Aarbechtsministère an de Gewerkschaften, wouraus ervir geet, datt wärend dëser Kris, de Chômage partiell vun 80% op 100% vum gesetzleche Mindestloun fir net qualifizéiert Aarbechter ugepasst gëtt.

Liest méi